Wat ass eng Gedenksäit?

Gedenkseiten schaffen einen Ort des Erinnerns online / Artens - Shutterstock.de
 

Als Hommage un den Verstuerwenen…

Eng Gedenksäit ass eng speziell Säit um Site vun memento.lu, déi et erméiglecht, dem Verstuerwenen Éier ze erweisen. Säit stellt sech aus 6 Kategorien zesummen:

  • Start

Doudesannonce mat den Informatiounen zum Verstierwe vun der Persoun.

  • Condoléancen

An dessem Menu hunn Verwandten a Frënn vun der Famillen d'Chance hiert Bäileed auszedrécken an ze verëffentlechen.

  • Käerz

An dessem Menu kenne Visiteuren eng virtuell Käerz ufänken, als Hommage fir de Verstuerwenen.

  • Fotoalbumen

Hei kennt Dir Fotoe vum Verstuerwene publizéieren.

  • Videoen

Fir Videoe vum Verstuerwenen ze verëffentlechen.

  • Liewensgeschicht

Fir Texter vun de Momenter am Liewe vum Verstuerwenen ze verëffentlechen.

 

...an der Méiglechkeet, Zougangsberechtegung fir d'Säit ze geréieren.

Als Inhaber vun der Gedenksäit hutt Dir d'Méiglechkeet der Säit ee privaten, oder ëffentleche Status ze ginn. Am Fall vum private Status kennen nëmme Persounen d'Säit besichen déi vun Iech autoriséiert goufen. Am Fall vum ëffentleche Status ass et méiglech eng erweidert Zougangsberechtegung zur Säit ze erméiglechen. Doduerch kenne Familljememberen an enk Bekannten och Fotoen a Videoen eroplueden an d'Biografie vum Verstuerwenen erweideren.

 

...mat enger garantéierter Kontroll während an no de Verëffentlechungen.

All Contributioun op der Gedenksäit gëtt als éischt virun der Verëffentlechung duerch d'Equipe vu Memento.lu kontrolléiert. Zudem gëtt den Inhaber vun der Säit vun all Contributioun op der Säit per E-Mail informéiert. Falls en et fir néideg hält, kann en all Contributioun, déi en falsch oder onpassend fënnt, läschen.

Annonce publizéieren