Froen-Äntwerten

  1. Wisou soll een eng Doudesannonce op Memento.lu publizéieren ?

Memento.lu erméiglecht Iech vun de Virdeeler vum Internet ze profitéieren an är Trauer a Bäileed, nom Doud vun enger Persoun auszedrécken. Memento bidd Iech eng spezifesch a kontrolléiert Säit, fir dem Verstuerwene Respekt ze garantéieren.

  1. Wisou soll een eng Annonce wielen déi mat Käschte verbonnen ass?

Déi Annoncen ginn Iech Zougang zu ville weideren Inhalter op ärer Gedenksäit. Domadder verlängert sech Publikatiounsdauer vun den Annoncen an d’ Quantitéit vun den Informatiounen, déi ee ka bäifügen ass illimitéiert.

  1. Wat ass eng Gedenksäit?

Als Hommage un den Verstuerwenen…

Eng Gedenksäit ass eng speziell Säit um Site vun memento.lu, déi et erméiglecht, dem Verstuerwenen Éier ze erweisen. Säit stellt sech aus 6 Kategorien zesummen:

  • Start

Doudesannonce mat den Informatiounen zum Verstierwe vun der Persoun.

  • Condoléancen

An dessem Menu hunn Verwandten a Frënn vun der Famillen d'Chance hiert Bäileed auszedrécken an ze verëffentlechen.

  • Käerz

An dessem Menu kenne Visiteuren eng virtuell Käerz ufänken, als Hommage fir de Verstuerwenen.

  • Fotoalbumen

Hei kennt Dir Fotoe vum Verstuerwene publizéieren.

  • Videoen

Fir Videoe vum Verstuerwenen ze verëffentlechen.

  • Liewensgeschicht

Fir Texter vun de Momenter am Liewe vum Verstuerwenen ze verëffentlechen.

...an der Méiglechkeet, Zougangsberechtegung zur Säit ze geréieren.

Als Inhaber vun der Gedenksäit hutt Dir d'Méiglechkeet der Säit ee privaten, oder ëffentleche Status ze ginn. Am Fall vum private Status kennen nëmme Persounen d'Säit besichen déi vun Iech autoriséiert goufen. Am Fall vum ëffentleche Status ass et méiglech eng erweidert Zougangsberechtegung zur Säit ze erméiglechen. Doduerch kenne Familljememberen an enk Bekannten och Fotoen a Videoen eroplueden an d'Biografie vum Verstuerwenen erweideren.

...mat enger garantéierter Kontroll während an no de Verëffentlechungen.

All Contributioun op der Gedenksäit gëtt als éischt virun der Verëffentlechung duerch d'Equipe vu Memento.lu kontrolléiert. Zudem gëtt den Inhaber vun der Säit vun all Contributioun op der Säit per E-Mail informéiert. Falls en et fir néideg hält, kann en all Contributioun, déi en falsch oder onpassend fënnt, läschen.

  1. Wou léit den Interêt un enger Gedenksäit ?

Eng Gedenksäit erlaabt et Iech ee Verstuerwenen ze éieren, ouni limitéiert ze sinn an der Quantitéit vun Texter a Fotoen, déi ee verëffentleche well. Iech ass et iwwerlooss ze geréiere wat publizéiert gëtt ka ginn. Et ass ënnert anerem méiglech d’ Rechter vun der Publikatioun un aner Familljemembere weiderzeginn.

  1. Ween huet d’ Rechter vun der Publikatioun op der Gedenksäit?

De Proprietaire vun der Gedenksäit huet d’Rechter vun der Publikatioun. An den Astellunge vun der Säit, ka bestëmmt ginn, dass de Proprietaire eng Kopie vun all Publikatioun kritt. Des weidere kann een och d’Rechter, un Membere vun der Famill oder un enk Bekannter, déi en selwer auswielt, weiderginn . De Proprietaire kann och Inhalter, déi en als onpassend fënnt, läschen.

  1. Kann ech Kontributioune vun der Gedenksäit läschen?

De Proprietaire vun der Gedenksäit kann Inhalter, déi en net ugemesse fennt, läschen. Wenn Publikatiounsrechter un aner Membere vun der Famill oder un enk Bekannter weidergereecht goufen, kennen déi och onpassend Inhalter läschen..

  1. Ginn Doudesannoncen, Gedenksäiten an aner Kontributioune virun der Publikatioun kontrolléiert?

All Doudesannonce, mat oder ouni Gedenksäit, gëtt virun der Publikatioun vun der Equipe vu Memento kontrolléiert. Condoléancen an aner Kontributiounen, déi no der Publikatioun vun der Annonce verëffentlecht ginn, ginn och systematesch vun der Equipe kontrolléiert.

  1. Ass Bezuelung ofgeséchert?

Bezuelung ass, duerch den Online Bezuelmodul Saferpay vun der Cetrel (Groupe Six), geséchert.

  1. Gëtt eng Doudesannonce, déi am Tageblatt publizéiert gëtt och automatesch op Memento.lu gesat?

Doudesannoncen, déi am Tageblatt publizéiert ginn, ginn automatesch an ouni weider Käschten als Premium Annonce op Memento.lu iwwerholl. De Client kann op eng Publikatioun op Memento.lu verzichten, wenn en eng Demande stellt virun der Verëffentlechung.

  1. Gëtt eng Doudesannonce, déi op Memento.lu publizéiert gëtt och automatesch an d'Tageblatt gesat?

Doudesannoncen, déi op Memento.lu gesat ginn, ginn net am Tageblatt publizéiert, mat der Ausnahm vun de Premium+ Annoncen. Bei deenen ginn déi folgend Informatioune geholl fir eng Doudesannonce am Tageblatt : Lokalitéit, Virnumm a Familljennumm vum Verstuerwenen, Doudesdag, esou wéi den Datum an d'Plaatz vum Begriefnis.

  1. Wei gesäit eng vereinfacht Premium+ Annonce am Tageblatt aus?

Et handelt sech dobäi em Informatiounen déi aus der Doudesannonce geholl ginn,an an d’Tageblatt iwwerholl ginn : Lokalitéit, Virnumm a Familljennumm vum Verstuerwenen, Doudesdag, esou wéi den Datum an d'Plaatz vum Begriefnis.

  1. Wat stécht hannert dem Joresdag Service bei der Premium+ Variant?

Bei deem Service kritt de Proprietaire vun der Gedenksäit eng E-Mail um Joresdag vum Doudesfall. En kann doduerch och eng Noriicht zum Gedenke vum Verstuerwene publizéieren. Des weidere gëtt den Numm vum Verstuerwenen, um Joresdag op der Homepage vu Memento.lu verëffentlecht, fir un dem Verstuerwenen seng Erënnerungen ze gedenken.

  1. Wat geschitt mat den Doudesannoncen an de Gedenksäiten um Schluss vun der Publikatiounsdauer?

De Proprietaire vun der Gedenksäit kritt 10 Deeg, virun Oflaf vun der Publikatiounsdauer, eng E-Mail, mat der Propose d’Dauer ze verlängeren. Am Fall wou de Proprietaire der Offer zoustëmmt, gëtt d’Dauer, ofhängeg vum Präis, verlängert. Falls en net zoustëmmt, gëtt Gedenksäit vun Editpress konservéiert, mee se gëtt net méi op der Säit vu Memento.lu ugewisen.

  1. Kréien ech eng Konfirmatioun op meng Gedenksäit publizéiert gouf?

Fir all Annoncë gëtt eng E-Mail als Konfirmatioun gecheckt, onofhängeg vun der gewielter Präisvariant.

  1. Kréien ech eng Konfirmatioun op meng Noriicht publizéiert gouf?

Beim verschécke vun enger Bäileedsnoriicht kritt ee keng Konfirmatioun zougeschéckt. Trotzdem besteet Méiglechkeet, dass den Ofsender vun enger Noriicht eng Kopie, vun all den enregistréierten Noriichten op der Säit, kritt.

  1. Wou léit den Ënnerscheed tëschent enger privater an enger ëffentlecher Gedenksäit?

Eng privat Säit ass nëmme fir Persounen, déi iwwert d’Zougangsberechtegung zu der Säit verfügen, op. Déi Rechter sinn duerch de Proprietaire vun der Säit definéiert an der Rubrik Astellungen / Zougangsberechtegung. Zu enger ëffentlecher Säit huet all Visiteur Zougang. Grondastellung vun der Gedenksäit op memento.lu ass déi ëffentlech Säit agestallt.

  1. Wat bréngt d’Rubrik “Mëssbrauch mellen”? Wéi funktionéiert se?

Déi Rubrik erlaabt et de Visiteure vun der Säit, d’Equipe vu Memento.lu op Inhalter hinzeweisen, déi net ubruecht sinn.

Annonce publizéieren